Op d'mannst 32 Mënsche sinn ëm d'Liewe komm an 100 goufe blesséiert bei enger Massepanik an der irakescher Stad Kerbela

Dat mellt déi staatlech irakesch Noriichtenagence INN. D'Panik soll ausgebrach si bei Feieren fir dat schiitescht Aschura-Fest.