Wéi eng südkoreanesch Noriichtenagence schreift, goufen 2 Rakéite gestart. Si wieren no Osten a Richtung Mier ofgeschoss ginn.

An de leschte Wochen hat Nordkorea Kuerzstreckerakéite getest an domat géint Uno-Resolutioune verstouss, déi dem Land dës verbidden hat.

D'nordkoreanesch Regierung huet proposéiert, d'Atomnegociatioune mat den USA Enn September erëm opzehuelen. Allerdéngs wier dëst nëmme méiglech mat verschiddene Bedingungen, déi Nordkorea awer net weider konkretiséiert huet.

An de Gespréicher iwwert eng Denukleariséierung vum Land gëtt et zanter Méint ee Progrès.