Méi Flexibilitéit an der europäescher Budgetspolitik. Dat ass eent vun den Ziler vum italienesche Premier Giuseppe Conte.

Virum Senat zu Roum huet hien en Dënschdeg fir eng Reform vum Euro-Stabilitéitspak plaidéiert. Zil wier eng nohalteg Entwécklung vun Italien. Den Guiseppe Conte, deen um Mëttwoch zu Bréissel erwaart gëtt, fuerdert och Changementer vun den Dublin-Reegelen. Den Ament ass et sou, dass fir eng Asylprozedur dat Land zoustänneg ass, an deem een Demandeur d'Asyl fir d'éischte Kéier registréiert gouf.

En Dënschdeg den Owend krut de Conte den decisive Vertrauensvotte fir seng nei Regierung. 169 Senateuren hu fir hie gestëmmt, bei 133 Géigestëmmen a 5 Enthalungen. Déi nei Regierungsequippe, déi aus Vertrieder vun de Sozialdemokraten an der Fënnef-Stäre-Partei zesummegesat ass, war d'lescht Woch en Donneschdeg vereedegt ginn.

Um Mëttwoch kënnt de parteionofhängegen Guiseppe Conte zu Bréissel mat der designéierter EU Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, souwéi dem Conseilspresident Donald Tusk fir Gespréicher beieneen.