Den Accord, bei deem Google ganz déif an d'Täsch gräift, gouf en Donneschdeg viru Geriicht ugeholl.

An engem jorelaange Steiersträit mat eise franséische Noperen huet sech déi amerikanesch Entreprise op een Accord mam Staat konnten eenegen, a bezilt eng Milliard Dollar. Eleng 500 Milliounen Dollar leet Google op den Dësch, fir datt eng Enquête wéinst Steierfraude op en Enn geet. Och mat Groussbritannien an Italien hat Google ähnlech Eenegunge fonnt.