Si fuerderen eng "Verkéierswende" mat der Mobilité douce, Bus an Zuch als Prioritéiten.

Zu Frankfurt hunn haut Dausenden Ëmweltaktiviste virun der Internationaler Automobilausstellung demonstréiert.

D'Organisateure schwätze vun enger 25.000 Participanten: 18.000 um Vëlo a 7.000 zu Fouss. Ënnert dem Slogan "#aussteigen" hu sech eng Rei Klimaschutz- an Ëmweltgruppen zesummegedoen: si reprochéieren der Autosindustrie, net genuch un der Elektromobilitéit ouni Emissiounen ze schaffen a weider op klimaschiedlech SUVen ze bauen.

Si fuerderen eng Verkéierswende mat der Mobilité douce a Bus an Zuch als Prioritéiten.