Bis 2020 wëll Lëtzebuerg weider 11 Milliounen Euro an de Laos investéieren an der Hoffnung, datt sech d'Situatioun am Land verbessert.

Déi Haapt-Schwaachpunkte sinn nach ëmmer déi selwecht Entwécklungspunkten. Dat obwuel een e grousse Wee gemaach huet, esou d'Kooperatiounsministesch Paulette Lenert iwwert hir Visitt am Laos. D'Land huet virun 20 Joer zu engem vun den äermste Länner vun der Welt gehéiert, vill huet sech un dëser Situatioun net geännert. Wat huet sech an 20 Joer Kooperatioun mam Süd-Ost Asiatesche Land gedoen? Den Tim Morizet war bei der Visitt dobäi an huet nogefrot.

AUDIO: Bilan Partenariat Lëtzebuerg-Laos / Reportage Tim Morizet

Richteg romantesch war d'Entwécklungshëllef nach ni, ausser et kuckt ee vu wäitem no, heescht et vun der Ministesch. Iwwer 20 Joer huet sech d'Hëllef fir d'Entwécklungslänner séier developpéiert. E System, dee sech vu Suen an e Land schécken, op Suen direkt op der Plaz am Duerf investéiere weider entwéckelt.

Am Verglach: virun 20 Joer goufe just 15% vun den Entwécklungshëllefen direkt bei de lokale Communautéite verdeelt. Haut sinn et a ville Projete bis zu 60%. Dat huet och e Grond, erkläert d'Ministesch: Beim fale léiert ee goen. Esou ass et och an deem heite Beräich. Et ass sécher eng Thematik: Korruptioun, op d'Sue wierklech ukommen. Dat ass eppes wou ee permanent dru schafft. Do kann ee sech och ni wierklech zeréckleeën. Do leeë mer och Wäert drop Transparenz ze hunn an och de Suivi vun de Projeten ze maachen.

Vill vun dëse Projete sinn am Gesondheetswiesen a virun allem an de Provënzen, wäit ewech vun de Stied.

D'Paulette Lenert: Wou mir hei ugefaangen hu gouf et kee Spidol. Elo konnte mer eis iwwerzeegen, datt dat Spidol absolut integréiert ass an der institutioneller Landschaft. Datt et gutt besicht ass, datt honnerte Leit all Dag an an aus ginn.

4 Milliounen Euro goufe bis ewell an d'Spidol Maria Theresa investéiert. 1,5 Millioune kommen do nach dobäi fir Renovatiounsaarbechten. 11 Milliounen Euro insgesamt solle vu Lëtzebuerger Säit bis 2020 nach am Laos investéiert ginn.

No der Visitt vun der Ministesch ass awer kloer, dat och néi Defise fir d'Zukunft dobäi komm sinn.

D'Paulette Lenert: De ganzen Ëmweltimpakt ass dobäi komm. Et ass e Land dat ganz besonnesch getraff ass vum Klimawandel. Staark Iwwerschwemmungen, Äerdrutsch, an Dréchenten déi dobäi kommen. Dat heescht de ganze Klima, deem se ausgesat sinn, dee schonn net einfach ass, ass perturbéiert. Dat ass ganz kloer eng Zousazbelaaschtung fir d'Land hei. Och fir d'Gesondheetswiese mat neie Krankheeten, déi optauchen.

Qualifizéiert Personal an engem Entwécklungsland ewéi Laos ass rare gesinn. Ma vun héchster Wichtegkeet, fir e Land vu bannen opzebauen, heescht et vun der Kooperatioun. Hei wëll een an Zukunft och virun allem an d'Egalitéit tëscht Jong a Meedchen investéieren.

Virun alem a ländleche Géigenden hale Meedercher no der Primärschoul mat der Schoul op. Dat éischt Kand gëtt scho mat 15 Joer op d'Welt gesat.