No den Attacken op wichteg Pëtrolsraffinerien gëtt den US-Ausseminister Mike Pompeo um Mëttwoch a Saudi-Arabien erwaart.

An der Hafestad Dschidda kënnt den amerikaneschen Diplomatiechef mam saudesche Krounprënz Mohammed bin Salman beieneen, fir iwwert déi rezent Attacken ze schwätzen.

Wéi et heescht, géif de Mike Pompeo och d'Efforte koordinéieren, der iranescher Aggressioun an der Regioun entgéintzewierken. Saudi-Arabien ass een enken Alliéierte vun den USA.

D'Huthi-Rebellen am Jemen haten d'Attacken de leschte Samschdeg revendiquéiert. Den US-Ausseminister hat allerdéngs direkt den Iran dofir responsabel gemaach. Teheran huet iwwerdeems all Virwërf zeréckgewisen.