D'Rettungsschëff "Ocean Viking" huet wärend engem neien Asaz am Mëttelmier 109 Bootsflüchtlingen u Bord geholl.

Wéi d'Hëllefsorganisatioun SOS Méditerranée op Twitter matdeelt, wiere fir d'éischt 48 Persoune, knapp 100 Kilometer nërdlech vun der libescher Küst an engem hëlzene Boot a Séinout gerett ginn. Méi spéit goufen dunn nach eemol 61 Flüchtlingen aus engem Schlauchboot gerett. Dat hu Médecins sans frontières bekannt ginn. Déi italienesch Garde Côte huet eegenen Donnéeën no déi lescht Nuecht net manner wéi 90 Bootsflüchtlingen a Sécherheet bruecht.