An Albanien goufen de Samschdeg iwwer 100 Leit blesséiert, wéi d'Land vun engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 5,8 gerëselt gouf.

An der Nuecht goufen et dann nach eng Rei Nobiewen.

Engem éischte Bilan no, wiere ronn 300 Haiser beschiedegt ginn. Déi albanesch Autoritéite schwätze vun deem schlëmmsten Äerdbiewen zanter Joerzéngten.