Eng 700 jonk Delegéiert hunn iwwert d'Problemer vun der Äerderwiermung diskutéiert a Virschléi am Kampf géint de Klimawandel ausgeschafft.

D'Propose goufen dunn de Staats- a Regierungscheffe vun de Vereenten Natioune presentéiert. Dës kommen nämlech e Méindeg fir e Klima-Aktiounssommet zesummen.

Déi schwedesch Aktivistin Greta Thunberg huet direkt um Ufank vum Jugendsommet eng Ried gehalen, an där si erkläert huet, dass d'Beweegung vun deene Jonken net méi ze stoppe wier. D'Haaptfuerderung vun deene Jonke war e Samschdeg, dass d'Politik sech méi konsequent fir d'Protektioun vum Planéit an dem Klima asetze muss.

© AFP/Johannes EISELE

Den UNO-Chef Antonio Guterres huet iwwerdeems erkläert, dass d'Leader weltwäit ze vill géife schwätzen an net genuch géifen nolauschteren. Deemno wéilt hie beim Sommet e Méindeg och keng eidel Rieden, mä konkret a realistesch Pläng fir d'Reduktioun vun de Zäregas-Emissiounen héieren.