Bedéngt duerch EU-Subventiounen fir den europäesche Fligerkonstrukteur Airbus, verhänken d'USA Stroftaxen a Milliardenhéicht op Importer aus der EU.

Déi amerikanesch Regierung huet e Mëttwoch annoncéiert, dass an Zukunft 10 Prozent op importéierte Fliger aus der EU gëllen. Fir eng Rei aner Wueren aus der EU, besonnesch aus Däitschland, Frankräich, Spuenien a Groussbritannien solle vum 18. Oktober un Taxen an Héicht vu 25% akasséiert ginn. Vun dëse Stroftaxen solle Wueren an Héicht vun ëmgerechent 6,8 Milliarden Euro betraff sinn. Dorënner falen ënnert anerem Wäin aus Frankräich, italienesche Kéis, schottesche Whisky an däitsche Kaffi. Betraff si besonnesch déi Länner, déi un Airbus bedeelegt sinn.

D'Welthandelsorganisatioun zu Genève hat decidéiert, dass d'USA op Importer aus der EU an Zukunft dierften zousätzlech Taxe froen. D'EU hätt Airbus jorelaang illegal mat Subventiounen ënnerstëtzt. Den amerikanesche President Trump huet Decisioun vun der WTO als grouss Victoire fir d'USA bezeechent.

D'Bourse zu Frankfurt huet e Mëttwoch de Mëtteg dorobber reagéiert an ass ëm 2,2 Prozent op ënner 12.000 Punkte gefall.