Ausgezeechent ginn de William G. Kaelin Jr, de Sir Peter J. Ratcliffe an de Gregg L. Semenza.

De Medezin Nobelpräis geet dëst Joer un zwee Amerikaner an een Britt fir hir Entdeckung vu molekulare Mechanisme mat deenen d'Zellen den Sauerstoffgehalt wouer huelen an sech deementspriechend adaptéieren.

Déi amerikanesch Zellfuerscher William Kaelin an Gregg Semenza hunn zesumme mam Peter Ratcliffe aus Groussbritannien un der Grondlag vun eisem Liewe geschafft: dem Sauerstoff an wéi den O2 de Stoffwiessel an eisen Zellen an och verschidde physiologesch Funktioune beaflosst. Besonnesch wichteg ass an deem Kontext hir Fuerschung iwwer d'Mechanismen, mat deenen Zelle verschidde Konzentratioune vu Sauerstoff spieren an da reagéieren a sech upassen. Dës molekular Maschinerie huet dann och nees een Afloss op d'Aktivitéit vun de mënschleche Genen.

Mam Wëssen iwwert dës Mechanisme kënnen eng ganz Rei Krankheeten an Zukunft traitéiert ginn, sou huet et vun der Nobelpräis-Jury geheescht. D'Entdeckung hätt  elo de Wee fräi gemaach fir villverspriechend Strategien z'entwéckele géint zum Beispill Bluttaarmut an Kriibs.

Déi héchsten Auszeechnung fir Medeziner ass iwwregens mat ëmgerechent  830'000 Euro dotéiert. Zanter 1901 hunn 216 Leit dëse Präis kritt, dorënner awer just 12 Fraen.

Den Nobelpräis an der Medezin ass traditionell ëmmer den éischten an der Woch, deen annoncéiert gëtt.

En Dënschdeg ass et um Nobelpräis an der Physik, e Mëttwoch an der Chimie an en Donneschdeg ass et un der Rei vum Literatur-Nobelpräis.

Dëst d'Joer gëtt dësen direkt zweemol verginn, well déi Schwedesch Akademie d'lescht Joer, an der Suite vun engem Vergewaltungsskandal keng Decisioun konnt huelen. Héichpunkt ass e Freideg, wann de Friddensnobelpräis devoiléiert gëtt.