Virun der italienescher Insel Lampedusa ass nees ee Boot mat Flüchtlingen ënnergaangen. Dobäi koumen 2 Mënschen ëm d'Liewen.

22 solle kënne gerett gi sinn, esou déi italienesch Garde-Côte, déi nach ëmmer no Vermësste sicht.

Wéi et heescht wier d'Schëff 11 Kilometer virun der Küst a Séinout geroden, wéi d'Welle méi héich goufen, an d'Leit doropshin a Panik ausgebrach sinn.