Vun enger Bréck zu Roum houng dës Popp, déi déi jonk Aktivistin sollt duerstellen.

Wéinst dëser Aktioun ermëttelt elo den italienesche Parquet, well si dëst als Menace vis-à-vis vun der jonker Klimaaktivistin ugesinn. Nieft der Popp houng en Ziedel, wou dropstoung "Greta is your God".

Italienesch Politiker hunn entsat iwwert op d'Menace reagéiert. De Buergermeeschter vu Roum huet zur Solidaritéit mam Thunberg senger Famill opgeruff. De Chef vun den italienesche Sozialdemokraten huet dann d'Auteure vun der Aktioun kritiséiert. Si wieren net fäeg, fir "Iddien, déi net mat hiren iwwerteneestëmmen, ze respektéieren".