A Portugal gouf de Premier Antonio Costa no senger Walvictoire de leschte Sonndeg, op e neits mat der Regierungsformatioun chargéiert.

De Staatschef Marcelo Rebelo de Sousa huet dem 58 Joer ale Sozialist en Dënschdeg den Owend den Optrag ginn eng nei Regierung op d'Been ze stellen. Den Antonio Costa sot dono, dass d'Stabilitéit vun där neier Regierung déi iewescht Prioritéit hätt.

Dem Costa seng Sozialistesch Partei war bei de Parlamentswalen mat knapp 37 Prozent stäerkste Kraaft ginn. Si huet d'Zuel vun de Mandater vu 86 op op d'mannst 106 konnten ausbauen. Si brauch awer fir eng absolut Majoritéit vun 116 Sëtz ee Koalitiounspartner.

Den Antonio Costa wëll vun dësem Mëttwoch un mat anere Lénksparteie fir Gespréicher beienee kommen. Souwuel dee sougenannte Lénks-Block, wéi och d'Allianz aus Kommunisten an déi Gréng hu sech oppe fir eng Zesummenaarbecht gewisen.