De Prestigeprojet an der franséischer Atomindustrie gëtt ëmmer méi zum Problem: D'Baukäschte ginn nämlech vill méi deier wéi geplangt.

D'Käschte vum neien Drockwaasserreakter am nordfranséische Flamanville klammen ëm weider 1,5 Milliarden Euro. Dat huet de staatleche Bedreiwer Electricité de France (EDF) e Mëttwoch gemellt. D'Gesamtkäschte leien elo bei geschaten 12,4 Milliarden Euro, also 4 Mol méi wéi eigentlech geplangt.

EDF mécht d'Reparaturaarbechten fir d'Käschtenexplosioun responsabel. Dat franséischt Amt fir Atomsécherheet (ASN) fuerdert, datt nach eng grouss Quantitéit Lächer un der Baussewand musse gefléckt ginn, déi bei engem Virfall den Austrëtt vu Radioaktivitéit soll verhënneren.

Schonn am Virfeld hat den Atomreakter fir vill Kritik gesuergt, nodeems annoncéiert gouf, dass d'Aarbechten nach 3 Joer méi laang géingen daueren. Fréistens Enn 2022, also 10 Joer méi spéit wéi geplangt, soll de Reakter un d'Netz goen.

De Bau huet zanter Jore scho massiv Problemer. Den neie Reakter war ursprénglech vu Siemens matgeplangt ginn. Déi däitsch Firma huet sech awer spéider aus dem Projet zeréckgezunn.