D'Buedemoffensiv vum tierkesche Militär géint d'Kurdemiliz an Nordsyrien stéisst international op schaarf Kritik.

Bilan: 60.000 Mënschen op der Flucht, op d'mannst 15 Doudeger

No Attacken aus der Loft huet dat tierkescht Militär an Nordsyrien elo och mat enger Buedemoffensiv ugefaangen. Dem syreschen Observatoire fir Mënscherechter no ginn et schonn zivil Doudesaffer. An den éischte Stonne vun der tierkescher Attack sollen Aktivisten no op d'mannst 15 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Ënnert den 8 zivillen Affer sollen och 2 Kanner sinn. Bannent 36 Stonnen hunn iwwer 60.000 Mënsche misse flüchten.

Kuerz virun 22 Auer e Mëttwoch den Owend hunn tierkesch Zaldoten d'Grenz zu Syrien iwwerschratt. Bis dohi ware scho Fligere vum tierkesche Militär iwwer 6 Stonnen am Asaz an hunn ënnert anerem Gebidder un der Grenz zu der Tierkei bombardéiert. Bis Mëtternuecht ongeféier sollen, dem Verdeedegungsministère aus der Tierkei no, 181 Ziler attackéiert gi sinn.

Zil vun der Offensiv ass d'Kurdemiliz YPG, déi op syrescher Säit vun der Grenz e grousst Gebitt kontrolléiert. D'Tierkei gesäit se als Terrororganisatioun un, wéinst hirem Lien mat der kurdescher Aarbechterpartei PKK. Den tierkesche President Erdogan plangt d'Kurdemiliz aus der syrescher Grenzregioun zu der Tierkei ze verdreiwen an dann do eng sougenannte Sécherheetszon ze kreéieren. Do sollen dann déi ronn 2 Millioune vun den am ganzen 3,6 Millioune syresche Flüchtlingen hibruecht ginn, déi den Aoment an der Tierkei liewen.

Militäroffensiv an Nordsyrien / Reportage Claudia Kollwelter

Erdogan dreet der EU, d'Grenzen opzemaachen

Den tierkesche President Erdogan dreet der EU domat, d'Grenzen opzemaachen. D'EU kritiséiert déi tierkesch Militäroffensiv an Nordsyrien... De Recep Tayyip Erdogan reagéiert rosen: „Mir maachen d'Grenzen, also d'Dieren op, fir déi syresch Flüchtlingen a ronn 3,6 Millioune Flüchtlinge kommen da bei iech", sou den tierkesche President en Donneschdeg zu Ankara.

International Kritik

Déi europäesch Staaten am Weltsécherheetsrot vun der UNO hunn een Enn vun der tierkescher Militäroffensiv wärend enger Drénglechkeetssëtzung hannert zouenen Diere gefrot. Allerdéngs hunn déi 5 Länner, Frankräich, Däitschland, d’Belsch, Groussbritannien a Polen, et net fäerdegbruecht, alleguerten d’Partner am Rot op hir Säit ze zéien. An enger Deklaratioun vun den EU-Länner heescht et, datt een net dovunner géif ausgoen, datt déi tierkesch Militäroffensiv géif d’Suerge vun der Tierkei ëm hir Sécherheet léisen.

D'Militäroffensiv vun der Tierkei war en Donneschdeg de Mëtteg dann och Sujet an der Chamber. Do haten d'CSV-Deputéiert Claude Wiseler a Laurent Mosar eng question urgente un den Ausseminister Jean Asselborn gestallt. Do virop gouf d'Fro vun der Sécherheet opgeworf, wann d'Prisongen am Norde vu Syrien géinge bombardéiert ginn. No internationalem Recht wier déi Militäroffensiv mat Näischt ze justifiéieren, esou de Lëtzebuerger Chefdiplomat. D'UNO misst sech domadder befaassen.

De Jean Asselborn huet nach méi däitlech Wierder dozou fonnt. Den tierkeschen Ambassadeur anzeberuffen hätt net vill Sënn. Dat géif nämlech näischt un der Situatioun op der Plaz änneren, sou den Ausseminister. E Méindeg ass de Conseil des affaires générales hei zu Lëtzebuerg, wou d'EU-Ausseminister zesummekommen. Do wäert déi tierkesch Militäroffensiv a Syrien dann och Sujet sinn.

AUDIO: Jean Asselborn iwwert Militärasaz an Nordsyrien

An der Chamber hat de Jean Asselborn d'Militäroffensiv op dat Schäerfst veruerteelt a vun engem Verrot un de Kurde geschwat. Um Donneschdeg den Owend huet dann déi ganz Regierung d'Operatioun op dat Schäerfst kritiséiert. Duerch esou eng militäresch Interventioun géif een am Konflikt keng Léisung fannen. Eng Sécherheetszon, esou wéi Ankara sech dat am Norde-Oste vu Syrien virstelle géif, kéint kaum international Critèren erfëllen.

Lëtzebuerg géif dofir Tierkei dozou opruffen, datt et unilateral seng Militär-Aktioun géif op Äis leeën. D’Stabilitéit vun der Regioun stéing nämlech um Spill. Et kéint zu enger Masseflucht kommen an d’Daesch kéint duerch dës Militäroffensiv nees u Stäerkt gewannen. All Progrès vun der internationaler Koalitioun, zu där och d’Tierkei gehéiert, fir géint den islamesche Staat ze kämpfen, kéint a Fro gestallt ginn. Am Schreiwes erënnert d’Lëtzebuerger Regierung d'Tierkei un hir Positioun an hir Wichtegkeet an der Regioun, ënnert anerem dorunner, datt d’Land ee wichtege Puzzledeel beim Accueil vu Flüchtlinge wier.

D'Fro, ob d'europäesch Staaten d'Tierkei fir hir Militäroffensiv am Nord-Oste vu Syrien sanktionéieren, kënnt héchstwahrscheinlech déi nächste Woch op den Dësch kommen. Da wann den europäesche Conseil zesummekënnt, esou d'Amélie de Montchalin franséisch Staatssekretärin aus dem Ministère fir d'Affaires étrangères.

Déi amerikanesch Regierung huet sech proposéiert, fir tëscht der Tierkei an de Kurden an Nord-Syrien ze vermëttelen.
Wéi et aus dem Ausseministère zu Washington heescht, hätt de President Trump den Optrag ginn, iwwert d'Méiglechkeet vun engem Waffestëllstand am Konflikt ze sondéieren. Dat géif den Ament geschéien. Den Donald Trump steet an den USA parteiiwwergräifend an der Kritik, well hien de Réckzoch vun den amerikanesche Truppen aus dem Norde vu Syrien ordonnéiert huet. Wéi et heescht hätt hien domat de Wee fräi gemaach fir déi tierkesch Offensive géint d'Kurdenmiliz. Des war bis ewell een Alliéierte vun den USA am Kampf géint den IS. 

D'Senateuren am US-Kongress wëllen den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan perséinlech mat Sanktioune bestrofen. Dat geet aus enger parteiiwwergräifender Resolutioun ervir. Dës gesäit vir, dass eventuelle Besëtz vum Erdogan, dem tierkesche Vizepresident an enger Partie Minister an den USA agefruer gëtt. Donieft sollen d'Visabestëmmunge fir déi politesch Responsabel vum Land verschäerft ginn.

De Communiqué vum Staat

Déclaration de Jean Asselborn, ministre des Affaires étrangères et européennes du Luxembourg, appelant la Turquie à cesser son action militaire unilatérale dans le nord-est de la Syrie (10.10.2019)
Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Le Luxembourg condamne l'opération militaire turque dans le nord-est de la Syrie et réaffirme qu'il ne saurait y avoir de solution durable au conflit syrien par des moyens militaires.

Comme ses partenaires de l'Union européenne, le Luxembourg appelle à la Turquie à cesser son action militaire unilatérale. La reprise des hostilités armées dans le nord-est du pays compromet encore davantage la stabilité de l'ensemble de la région, aggrave les souffrances des civils et provoque de nouveaux déplacements. Les chances que le processus politique mené sous l'égide des Nations unies puisse permettre d'instaurer la paix en Syrie s'en trouveront compromises.

L'action unilatérale de la Turquie menace les progrès réalisés par la coalition internationale de lutte contre Daech, dont la Turquie est membre.

De fait, l'action militaire met en péril la sécurité des partenaires locaux de la coalition, en particulier des combattants kurdes des Forces démocratiques syriennes, et elle risque d'engendrer une instabilité prolongée dans le nord-est de la Syrie, en fournissant un terrain fertile à la résurgence de Daech, qui demeure une menace sérieuse pour la sécurité régionale, internationale et européenne. Il est impératif que les combattants terroristes soient détenus dans des lieux sécurisés afin de les empêcher de rejoindre les rangs de groupes terroristes.

Il est peu probable qu'une «zone de sécurité» dans le nord-est de la Syrie, telle que l'envisage la Turquie, satisfasse aux critères internationaux définis par le HCR en matière de retour des réfugiés. Nous maintenons notre position selon laquelle le retour des réfugiés et des personnes déplacées internes vers leurs lieux d'origine doit s'effectuer en toute sécurité et de manière volontaire et digne. Toute tentative d'opérer un changement démographique serait inacceptable. Nous n'apporterons pas d'aide à la stabilisation ou au développement dans les zones où les droits des populations locales sont bafoués.

Nous partageons l'objectif visant à mettre un terme à la violence, à vaincre le terrorisme et à promouvoir la stabilité en Syrie et dans l'ensemble de la région. La Turquie est un partenaire essentiel de l'Union européenne et un acteur extrêmement important dans la crise syrienne et dans la région, et nous félicitons ce pays pour le rôle important qu'il joue en tant que pays d'accueil des réfugiés syriens. Il convient de répondre aux préoccupations de la Turquie en matière de sécurité par les voies politique et diplomatique, et non par une action militaire, conformément au droit international humanitaire. Le Luxembourg continue d'exhorter toutes les parties à assurer la protection des civils ainsi qu'un accès humanitaire sans entraves, sûr et durable dans toute la Syrie.

Nous demeurons attachés à l'unité, à la souveraineté et à l'intégrité territoriale de l'État syrien, qui ne peuvent être assurées qu'au moyen d'une véritable transition politique, conformément à la résolution 2254 du Conseil de sécurité des Nations unies et au communiqué de Genève de 2012, négociée par les parties syriennes dans le cadre du processus de Genève mené sous l'égide des Nations unies.