D'lescht Joer hat et kee Literaturnobelpräislaureat ginn. D'Schwedesch Akademie konnt wéinst engem Vergewaltegungsskandal keng Decisioun huelen.

Déi polnesch Schrëftstellerin Olga Tokarczuk an den éisträicheschen Auteur Peter Handke kréien de Literaturnobelpräis, dat fir d'Joren 2018 an 2019.

D'Olga Tokarczuk gëtt mam Präis vun zejoert priméiert, dee jo wéinst engem Skandal net vergi gouf. De Literaturnobelpräis vun dësem Joer geet un de Peter Handke aus Éisträich. Dat deelt déi schwedesch Akademie en Donneschdeg de Mëtteg mat.

Et gouf domat gerechent, dass op d'mannst eng Fra géing geéiert ginn. Ënnert deene bis elo 114 Laureaten, déi de Literaturnobelpräis kruten, ware bis elo just 14 Fraen. Mam Olga Tokarczuk sinn et der elo 15.