Déi schlecht Nouvelle fir den US-Fligerkonstrukteur Boeing halen net op. Experten hu bei Fligere vum Modell 737 NG Rëss entdeckt.

Eigentlech huet Boeing den Ament Problemer genuch, dat nodeems zwee Filgere vum Typ 737 Max erofgefall waren. Elo mécht och nach de Virgängermodell Problemer.

Déi brasilianesch Fluchgesellschaft Gol Linhas Aereas Inteligentes huet no enger Inspektioun eelef Fligeren vum Typ 737 NG aus dem Verkéier gezunn. Och bei der US-Fluchentreprise Southwest Airlines si wéinst Rëss a wichtegen Deeler zwee Fligeren um Buedem bliwwen. Déi zwou Maschinne géingen eréischt nees benotzt ginn, wann d'Problemer komplett geléist wären, sou d'Fluchgesellschaft. D'Sécherheet hätt iewescht Prioritéit.

De 737 NG ass de Virgänger vum Onglécksfliger 737 Max, dee Mëtt Mäerz bal weltwäit aus dem Verkéier gezu gi war, well zwee Fligeren erofgefall an 346 Leit gestuerwe waren.