Wéinst 2 Listerien-Doudesfäll huet d'Charcuterie-Firma Wilke hir Diere missen zoumaachen. Elo ass eng drëtt Persoun gestuerwen.

En Donneschdeg den Owend huet d'Robert-Koch-Institut den drëtten Doudesfall confirméiert. Dräi Leit wieren direkt oder kuerz no der Infektioun gestuerwen.

Mëttlerweil huet d'Entreprise gemellt, dass si faillite wier. Géint de Gerant gëtt wéinst homicide par imprudence ermëttelt.