Wéi Europol e Méindeg matdeelt, wier et der spuenescher Police gelongen, eng Abriecher-Band festzehuelen.

Dat mat Hëllef vun Europol an der albanescher Police. Déi 5 presuméiert Abriecher sollen eng Rei Haiser vu Real-Madrid- an Atlético-Madrid-Spiller iwwerfall hunn.

5 Leit sollen zu dëser Band gehéieren, dorënner 4 Albaner an 1 Spuenier. Iwwer déi lescht puer Méint si si ëmmer nees an Haiser vu Spiller agebrach, wéi dës ee Match gespillt hunn.

D'Police huet bei der Band divers Objete saiséiert, dorënner Bijouen, Luxusautoen an Dausende vun Euroen. Och aner Objeten, wéi zum Beispill eng Champions-League-Medail, si fonnt ginn.