An enge sëlleche Stied ginn Dausende vu Baueren op d'Stroossen, fir géint d'Agrarpläng vun der Regierung ze protestéieren.

Déi gréisst Demonstratioun ass am spéide Moien zu Bonn geplangt. Hei ginn 8.000 bis 10.000 Bauere mat ronn 800 Trakteren aus ganz Däitschland erwaart.

Eng vun den Haaptfuerderunge vun den Organisateuren ass, dass d'Politik an d'Federatioune mat der Basis schwätzen. Zéngdausende vu Baueren hu sech an engem Netzwierk iwwer Facebook a WhatsApp zesummegedoen.