D'Wafferou sollt u sech bis en Dënschdeg den Owend daueren, dës gouf elo awer ëm 150 Stonne verlängert.

Tierkei gesäit den Ament kee Besoin fir ee weidere Militärasaz an Nordsyrien. Dat huet de Verdeedegungsministère zu Ankara bekannt ginn. D'USA hätten d'Tierkei driwwer informéiert, dass d'Kurdemiliz sech wärend där fënnef Deeg laanger Waffepaus zeréckgezunn hätt. Dës Trêve war en Dënschdeg den Owend ofgelaf. Si gëtt elo ëm weider 150 Stonne verlängert.

Den tierkesche President Erdogan a säi russeschen Homolog Putin hunn donieft wärend enger Renconter zu Sotschi russesch-tierkesch Patrullen an der Regioun decidéiert. Wärend där bal zwou Woche laanger Militäroffensive am Nordoste vu Syrien goufen no Donnéeë vun de Vereenten Natiounen iwwer 176.000 Mënsche verdriwwen. Dorënner wiere bal 80.000 Kanner, heescht et vun engem Spriecher vun der UNO zu New York. Et wieren donieft wichteg Infrastrukturen an der Regioun beschiedegt ginn.