Wéi d'Police vun Thurrock/Essex a Groussbritannien e Mëttwoch matgedeelt huet, waren an engem Container 39 Läiche fonnt ginn.

Bei den Doudege sollt et sech ëm 38 Erwuessener an 1 Jugendlechen handelen, dovun 31 Männer an 8 Fraen.
Et solle Chinese sinn, dat mellen en Donneschdeg verschidde britesch Medien. Si kéinten am Container erfruer sinn, well et nämlech e Killcamion war, wou se dra waren.

De 25 Joer ale Camionschauffer gouf  festgeholl a verhéiert. Ob hie wousst, datt Mënschen hannen a sengem Gefier waren, ass onkloer. Hie steet ënner Mordverdacht.

Der Police no soll den Unhänger per Schëff vun Zeebruges aus eriwwer an England komm sinn.