Ee Parlament geplot vu senger eegener Diversitéit

Dat israelescht Parlament riskéiert am Moment, eng drëtte kéier Neiwale missen ze organiséieren.
Dat huet virun allem mat der ganz spezifescher Situatioun vum Staat Israel selwer ze dinn.
D’Wuert “Knesset” steet am Hebräeschen fir Assemblée. 10 verschidde politesch Fraktioune si no de leschte Walen hei vertrueden. Wien d’Parteien ënnerhalb vun deene Gruppen zesummenzielt, dee kënnt op iwwer 15 Parteien, an engem Parlament mat 120 Sëtz.
Parteie ginn am ëffentlechen Débat als “riets” a “lénks” bezeechent, mä dat huet mat en europäeschen Definitiounen näischt ze dinn. De Politikanalyst Eli Pieprz, erkläert dass “riets” a “lénks” éischter beschreiwen, wéi sech déi zwou Säiten an der Fro vum Konflikt mat Palestina verhalen.
Et ginn déi, déi wëllen alles ewech ginn, fir Fridden ze kréien, an déi, déi alles Méigleches a Kaf huelen, fir d’Sécherheet ze garantéieren: Ech mengen, dat sinn déi zwou existéierend politesch Linnen.
Parteie sinn awer och no reliéise Muster organiséiert, an deenen déi verschidde reliéis Communautéite sech representéiere loossen, wéi den Eli Pieprz illustréiert.
Mir hunn immens vill politesch Parteien. Am Moment hu mer der och dräi Stéck, déi eng arabesch Wielerschaft hunn. Vun 120 Parlamentarier sinn der 13 vu Parteien, déi sech als spezifesch arabesch Parteie bezeechnen. Mir hunn och arabesch Deputéiert, déi an de klasseschen israelitesche Parteie sinn, sou dass mir insgesamt tëscht 16 a 17 Araber an der Knesset hunn.
Araber wiele fir Araber, orthodox Judde wiele fir orthodox Judden: D’politesch Landschaft ass vun engem sektäre Muster gepräägt, an net no geographesche Bezierker, well déi gëtt et an Israel nämlech net. An der Knesset selwer falen déi Ënnerscheeder par konter awer wéineg op, sou géing et zum Beispill vergläichbar sozialistesch Judde ginn, wéi och kommunistesch Araber. Déi immens Diversitéit vun der Knesset féiert zu den aktuelle Problemer, fir eng Regierung zesummenzesetzen.
Am Moment ass de Benny Gantz vun der sozial-liberaler Blo-Wäiss Partei de Formateur fir eng nei Regierungskoalitioun ze fannen. Innerhalb vun deene nächsten zwou Woche soll hien dem Parlament eng Propose maachen.