Trotz Klimawandel an dem Schmëlze vun de Gletscher wëll Tirol fir en neit Schigebitt e Bierg sprengen a Plaz maache fir Massentourismus.

Aus den éisträichesche Schigebidder Pitztal an Ötztal soll endlech ee Gebitt ginn an domat zum gréisste Gletschergebitt op der Welt zesummewuessen.

Do gëtt et awer een Hoken: en Deel vum Fernerkogel steet am Wee. Fir den éiergäizege Projet ze realiséieren, soll deen Deel vum Bierg einfach fortgesprengt ginn. 40 Meter a ronn 120.000 Kubikmeter Steng, Äerd an Äis solle réckelen. Donieft sollen 72 Hektar Gletscherfläch ofgedroen a platt gemaach ginn.

An Zäite vum Klimawandel, woubäi Gletscher an Éisträich souwisou schonn duerchschnëttlech 17,2 Meter pro Joer verléieren, ass dëse Projet fatal.

Fir dat neit Schigebitt ass eng Fläch vun 116 Futtballterraine betraff. Dräi nei Seelbunne sollen drop entstoen, nieft sëlleche Restauranten a Bare mat enger Kapassitéit fir 1.600 Gäscht, mat kilometerlaange Stroossen a Weeër, sou wéi engem Tunnel vu 600 Meter Längt.

De Projet bleift net ouni Kritik. Den Alpeveräin, WWF an Naturfënn hunn zesummen d'Initiativ "Allianz für die Seele der Alpen" gegrënnt. Bei dësem Projet géif et sech ëm déi gréissten Zerstéierung vun onberéierter Gletscherfläch zanter Joerzéngten handelen, heescht et an enger Petitioun fir de Projet ze verhënneren.

Sollt d'Tiroler Landesregierung tatsächlech en Accord fir dat neit Schigebitt ginn, kéinten d'Bauaarbechte schonn d'nächst Joer ufänken. D'Tourismusbranche gesäit am Projet eng Chance déi wirtschaftlech Zukunft vun den Dallbewunner ze sécheren.