A Chile versicht d’Regierung déi ugespaante Situatioun, déi elo scho wochelaang undauert, z‘entschäerfen.

De President vum Land Sebastián Piñera huet dofir e Mëttwoch ee Gesetzesprojet ënnerschriwwen, mat deem de Mindestloun a Chile soll an d'Luucht goen. D'Leit sollen amplaz vun 301.000 Pesos elo 350.000 Pesos verdéngen, dat si ronn 427 Euro.

Ongeféier 540.000 Persounen am Land kéinte vun der Hausse profitéieren, déi vum Staat finanzéiert soll ginn.

Bei de Protester am Chile sinn déi lescht Wochen iwwer op mannst 20 Persoune gestuerwen. Si waren ënnert anerem wéinst de sozialen Ongerechtegkeeten an de niddrege Léin op d'Stroosse gaangen. Ausléiser vun der Protestwell war awer, datt den ëffentlechen Transport méi deier sollt ginn.