Am fréie Mëttwochowend war an der hollännescher Press vun enger "verdächteger Situatioun" u Bord vun engem Fliger Rieds.

Um Fluchhafe Schiphol zu Amsterdam gouf et e Mëttwoch den Owend ee Groussalarm. U Bord vun engem Fliger hätt sech eng "verdächteger Situatioun" erginn, déi déi hollännesch Police an den Asaz bruecht huet. Dat huet de Fluchhafe Schiphol offiziell op Twitter bestätegt. Den Terminal, wou de Fliger zu deem Ament stoung, wier komplett gespaart ginn.

Kuerz Zäit drop koum den offizielle Message, datt kengem Mënsch eppes geschitt ass an d'Passagéier souwéi d'Crew sécher vu Bord goe konnten.

D'Operatioun ass op en Enn gaangen, wéi Air Europa matgedeelt huet, datt een e falsche Knäppche an der Maschinn gedréckt hat an et deemno ee falschen Alarm war.