Bei enger Attack op e Bus-Convoie am Burkina Faso sinn e Mëttwoch den Owend op d’mannst 37 Zivilisten ëm d’Liewen komm, iwwer 60 goufe blesséiert.

D’Bussen, déi vun der Arméi bewaacht goufen, waren um Wee bei eng Goldminn, déi vun enger kanadescher Firma bedriwwen gëtt, wéi e puer Leit ugefaangen hunn ze schéissen.

Wie genee a mat wéi enger Motivatioun, ass bis ewell net gewosst