D'Europäesch Unioun präziséiert, datt den Iran sech u seng Verflichtunge misst halen.

D'europäesch Unioun weist sech ganz besuergt iwwert ee Virfall am Iran, wou eng Inspektesch vun der internationaler Organisatioun fir Atomenergie den Accès op ee Nuklear-Sitte ënnersot krut. Un den Iran adresséiert, sot een EU-Vertrieder, datt den Iran senge Verflichtunge misst nokommen an d'Inspektere vun der Organisatioun hir Funktiounen kéinten erfëllen, esou wéi dat virgesinn ass.