De fréiere Buergermeeschter vu New York, Michael Bloomberg soll sech preparéieren fir Presidentschaftskandidat ze ginn.

Dat mellt op alle Fall d’New York Times.

Hie wéilt op Säite vun den Demokraten untrieden, a soll nach am Laf vum Mount seng Kandidatur an op d’mannst engem Bundesstaat areechen, schreift d’Zeitung. Et gëtt domat gerechent, datt hie sech fir Alabama enregistréiert.

Domat hält de 77 Joer ale Bloomberg, dee vun 2001 bis 2013 Buergermeeschter zu New York war, sech d'Optioun op, 2020 géint den US-President Donald Trump an d'Course ze goen. Eng definitiv Decisioun hätt de Bloomberg awer nach net getraff.