Den Donald Trump muss eng Strof a Milliounenhéicht bezuelen. Hie soll Sue vu senger Stëftung mëssbraucht hunn.

Mat engem Deal gëtt dem Rechtssträit elo en Enn gesat. Zwou Milliounen Dollar muss den US-President karitativen Organisatioune bezuelen. Konkret soll den Trump mat der Stëftung Spenden an Héicht vun 2,8 Milliounen Dollar fir de Presidentschafts-Walkampf gesammelt hunn. Hie soll domadder och seng Vakanzendestinatioun a Florida an e Golfclub finanzéiert hunn. Reklamm gemaach hu fir seng Hotellen a Saache fir de perséinleche Pleséier kaf hunn.

D'Stëftung gouf entretemps opgeléist.