D'Acteure wären awer net d'Taliban, Al Qaida oder den IS, mä arméiert Milizen, déi an der Konterterror-Strategie vum US-Geheimdéngscht ënnerstëtzt ginn.

D'Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch beklot an engem aktuelle Rapport iwwer Afghanistan systematesch Verbrieche géint d'Zivil-Populatioun.

Well de Pentagon selwer méiglechst wéineg eegene Militär an Afghanistan wëllt an den Asaz an a Gefor bréngen, operéiert Washington mat sougenannten afghanesche Sécherheetsunitéiten. Et ass old school Konterterrorismus géint d’Taliban oder den IS, mä den Exercice huet feelgeschloen.

Déi dacks vun der CIA trainéiert an arméiert paramilitäresch Bande ginn aus 14 prezise schwéiere Virfäll als Auteuren ervir. Human Rights Watch huet déi Lëscht aus enger Analyse vun Enn 2017 bis Mëtt 2019 zesummegedroen. Dokumentéiert goufen zum Beispill sporadesch Hiriichtungen, Entféierunge fir Léisegeld, oder d’Abestelle vu Loftattacken op Hochzäitsgesellschaften oder medezinesch Infrastrukturen, déi een als falscht Zil identifizéiert hat.

D'Patricia Gossman vu Human Rights Watch: De Problem mat dëse spezifesche Milizen, dem Paramilitär, ass, dass se baussent all normaler Kommandokette vun der afghanescher Regierung oder dem US-Militär operéieren. Si ginn net zur Rechenschaft gezunn. A wéinst dem Manktem un Transparenz kënnen Ziviliste sech u kee riichte fir z’enquêtéieren. Et gëtt keng Gerechtegkeet fir déi Verbriechen, déi se sech zu Schold komme gelooss hunn.

D'Verbrieche wieren dacks op lokal Rivalitéiten zréckzeféieren. E Spriecher vun der CIA dementéiert d’Virfäll. Déi afghanesch Regierung zu Kabul raumt Feeler bei deenen Eenheeten an, mä de politesche Wëlle feelt, fir géint se z’enquêtéieren.

D'Patricia Gossman vu Human Rights Watch: Dat lescht annerhalleft Joer hunn d’Militäroperatioune staark zougeholl, zum Deel wéinst dem ugekënnegte, méigleche Réckzuch vun den US-Truppen. Elo probéiere béid Säiten – déi Milizen aus dem Rapport an d’Taliban – dee Vide un der Muecht ze fëllen an esou vill Affer ze maache wéi méiglech, der anerer Säit esouvill ze schuede wéi méiglech, mä de Problem ass, dass et d’Zivilisten trëfft an déi stierwen an deene Razzie nuets oder an deene Loftattacken.

Nom Deelréckzuch vun den US-Truppen aus dem kurdesche Nordoste vu Syrien operéiert och d’Tierkei bei der Invasioun parallel mat de Konterterror-Verbänn vun der SNA, der sougenannter Syrian National Army, géint d’Kurden an déi hinnen alliéiert Regimetruppe vum al-Assad. De Problem ass deen, dass d’SNA aus islamisteschen Terrormilize besteet wéi Hurras ad-Din. An hire Räng sinn elo och d’Schléiferzelle vum IS erwächt a ginn aktiv vun der Tierkei fir hir Krichsverbriechen arméiert.