Ankara beléisst et net bei verbale Menacen, ma huet elo annoncéiert, déi éischt vun den 300 gefaangenen Islamisten heemzeschécken.

Den tierkeschen Inneminister huet e Freideg gesot, dass een d'nächst Woch domadder ufänkt, gefaange Membere vun der Terrormiliz Islamesche Staat zeréck an hir Heemechtslänner ze schécken.

Déi tierkesch Arméi huet am Kader vun der Offensiv am Norde vu Syrien bal 300 där Extremiste festgeholl.