Nom grausamen Doud vun engem 3 Joer ale Jong zu Detmold huet de Parquet een Haftuerder wéinst Mord géint déi 15 Joer al Hallefschwëster ausgestallt.

Déi 15 Joer al Jugendlech, déi en Donneschdeg no e puer Stonnen op der Flucht festgeholl gi war, kritt reprochéiert, hiren 3 Joer alen Hallefbrudder e Mëttwoch den Owend mat 28 Messerstéch ëmbruecht ze hunn.

D'Motiv fir d'Dot ass aktuellen Ermëttlungen no, datt dat 15 Joer aalt Meedchen a prekäre Famillje-Verhältnisser gelieft an eng "déif Ofneigung" géint säin Hallefbrudder entwéckelt huet.