Déi brasilianesch Justiz hat e Freideg decidéiert, datt den Ex-President Luiz Inácio Lula da Silva aus dem Prisong misst entlooss ginn.

De fréiere brasilianesche President, Luiz Inacio Lula da Silva, ass op fräiem Fouss. De74 Joer ale Mann konnt um Freidegowend aus dem Prisong vu Curitiba spadséieren, nodeems e Riichter decidéiert hat, datt de Mann direkt fräi ze kommen hätt.

Wéinst Korruptioun souz de Lula zanter 2018 am Prisong. Fir 8 Joer sollt hien hanner Gitter bleiwen. De fréiere brasilianesche President soll vun enger Bauentreprise Renovéierungsaarbechte vun engem Luxus-Appartement accordéiert an acceptéiert hunn. De Lula hat dës Accusatiounen dementéiert.

© AFP