De fréiere Buergermeeschter vun New York wëll Presidentschaftskandidat fir d'Demokrate ginn.

De 77 Joer ale Milliardär huet seng Kandidatur elo eragereecht. Dat, obschonns hien am Mäerz nach gesot hat, hie géif net kandidéieren. De Michael Bloomberg war vun 2001 bis 2013 Buergermeeschter vun New York.