A Chile sinn erëm eng 75.000 Leit op d'Strooss gaangen, fir géint déi héich Käschte fir Transport, Gesondheet a Bildung ze protestéieren.

Een anere Grond, wisou sech nees esou vill Mënschen zesummegedoen hunn, ass d'sozial Ongerechtegkeet. Eng lokal Dageszeitung schreift, et wier déi zweetgréissten Demonstratioun gewiescht, zanter dass d'Protester ugefaangen hunn. Allerdéngs hunn och dës Kéier vereenzelt Casseuren d'Geleeënheet genotzt, fir e Gebai vun der Uni a Brand ze stiechen.