Nodeems zu Hongkong e Student ëm d'Liewe koum, wéi hie vun engem Parkhaus erofgefall ass, koum et op en Neits zu gréissere Protestaktiounen.

Dausende Leit si bei Protestmärsch géint d'Policegewalt matgaangen. Obschonn net gekläert ass, firwat den 22 Joer ale Student gefall ass, maachen d'Demonstranten d'Police dofir verantwortlech. Dobäi sinn alt erëm radikal Demonstrante mat der Police unenee geroden.