Den australesche Kardinol an Ex-Finanzchef am Vatikan, George Pell, huet eng éischt Etappevictoire erreecht, a senger Lutte ëm e Fräisproch.

Hie verbéisst den Ament eng Prisongsstrof vu 6 Joer, well hien dem Mëssbrauch vun zwee Bouwen an de 90er-Jore fir schëlleg gesprach gouf.

Den ieweschten australesche Geriichtshaff huet um Mëttwoch de Moien decidéiert, dass seng Appell-Demande acceptéiert gouf a genee wäert gepréift ginn.

De Pell huet d'Faiten, déi him reprochéiert ginn, bis haut ofgestridden.