A Bolivien huet sech nom Chaos aus de leschten Deeg d’Oppositiounspolitikerin Jeanine Añez selwer zu der Iwwergangspresidentin ernannt.

Si wéilt e Klima vum soziale Fridden schafen, a séier Neiwahlen organiséieren. De Muecht-Vakuum war jo entstanen, nodeems de President Morales zeréckgetruede war an a Mexiko an den Asyl goung.

Dass d’Añez sech elo selwer zu der Presidentin ernannt hätt, huet hien als Putsch bezeechent.