An direkt e puer franséischen Universitéitsstied sinn um Mëttwoch Manifestatioune vu Studenten.

D'Lescht Woch hat sech nämlech ee Student zu Lyon op enger ëffentlecher Plaz a Brand gestach. Hien ass a Liewensgefor. De jonke Mann vun 22 Joer wollt op d'Prekaritéit opmierksam maachen, ënnert där hien an aner Studente liewe géifen. 3 Mol hätt hien e Joer misste widderhuelen, a krut säi Stipendium ewechgeholl.

Dofir ginn e Mëttwoch Studenten a Frankräich op d'Strooss, fir sozial Mesuren ze revendiquéieren.

De fréiere President François Hollande gouf wärend enger Liesung an enger Héichschoul zu Lille u senger Interventioun gehënnert. Studenten hunn hien e Mäerder genannt a Säiten aus sengem neie Buch zerrappt.