Bei der Enquête zu enger méiglecher Impeachment-Prozedur géint den US-President Trump, goufen um Dënschdeg weider wichteg Zeien am Kongress befrot.

Wat huet de President Trump mat sengem ukraineschen Homolog Selenskyj um Telefon beschwat? Bei der éischter ëffentlecher Audienz an der Ukrain-Affär huet den Sécherheetsberoder Alexander Vindman den US-President belaascht. Hien hat den ëmstriddenen Appell mat gelauschtert.

CUT Alexander Vindman

''Wéi ech schonn a mengem Statement sot: Et war net ubruecht, dass de President eng Investigatioun géint e politesche Géigner gefrot huet.'', huet den Alexander Vindman preziséiert.

Bei den Enquêten an der Ukrain-Affär geet et ëm den Reproche, den US-President hätt seng Muecht mëssbraucht. Den Trump soll ënnert anerem militäresch Hëllef a Milliounenhéicht fir d'Ukrain blockéiert hunn, fir Kiew dozou ze beweegen, eng Enquête wéinst Korruptioun géint den demokratesche Presidentschaftskandidat Joe Biden an säi Fils anzeleeden. Den Hunter Biden war fir eng ukrainesch Gasfirma aktiv, wärend säi Papp als Vizepresident fir d'Ukrain-Politik zoustänneg war. D'Demokrate wëllen den Trump mat dësen Impeachment-Audienze vu sengem Poste fort kréien.

Déi republikanesch Vertrieder am Comité wëlle kee Feelverhale vum Trump erkennen. Zeie gi kleng geriet, nodeem si hie belaascht hunn. Säi Verhale wär ongewéinlech gewiescht, net ugepasst. Et goung ëm en Telefonsgespréich vum Trump mam ukrainesche President, ob deem e kéint e Gefale maachen a géint den Joe Biden a säi Bouf enquêtéieren.