D'Autoritéite a Schweden hunn d'Enquête géint de Grënner vu Wikileaks fale gelooss.

Dat deelt de Parquet zu Stockholm en Dënschdeg mat. Et gëtt net genuch Beweiser fir eng Verurteelung.

D'Beweiser ginn net duer, fir viru géint de Julian Assange wéinst Vergewaltegung ze enquêtéieren, sot en Dënschdeg d'Vertriederin vum Parquet zu Stockholm.

Dem deemools 39 Joer alen Assange war 2010 virgehäit ginn, eng Fra zu Stockholm vergewaltegt ze hunn, hien huet d'Virwërf ëmmer zréckgewisen.

De Wikileaks-Grënner war jo weltwäit bekannt ginn duerch d'Publikatioun vun honnertdausende vu geheimen Dokumenter iwwert déi amerikanesch Kricher am Irak an am Afghanistan .

Dowéinst ass hien an den USA wéinst der Verëffentlechung vu geheimen Dokumenter a Verstéiss géint d'Antispionagegesetz ugeklot a riskéiert nach haut do eng liewenslaang Prisongsstrof.

Den Assange gouf zur Symbolfigur fir de weltwäite Kampf fir d'Pressefräiheet. 2010 haten d'Schweden een europäesche Haftuerder géint hien erausginn. De gebiertegen Australier ass doropshin an d'Ambassade vum Ecuador zu London geflücht, krut do politeschen Asyl a souz 7 Joer laang do fest.

Deemools war den Assange fir den anti-amerikanesche President vum Ecuador Correa eng Geleeënheet, fir international ze glänzen. Säi Successeur Moreno schwéngt awer an déi aner Richtung a wëll Punkte sammelen, andeem hien dëst Joer am Fréijoer den Asyl vum Assange ophieft. Den 11. Abrëll gëtt de Julian Assange vun der brittescher Police festgeholl an a Groussbritannien wéinst Verstouss géint Kautiounsoploen zu engem Joer Prisong verurteelt.

Am Februar d'nächst Joer soll ee brittescht Geriicht iwwer eng méiglech Ausliwwerung un d'USA decidéieren. De Grënner vu Wikileaks soll mëttlerweil an engem schlechte gesondheetlechen Zoustand sinn.