Sou de Benoît Berthelot a sengem Buch „Le Monde selon Amazon", op Lëtzebuergesch "d'Welt esou, wéi Amazon sech se virstellt" oder "sech se moolt".

No 3 Joer Enquête huet de Journalist d'Buch verëffentlecht an dësen Dënschdeg op enger Konferenz vun Etika hei zu Lëtzebuerg virgestallt. Den US-Online-Händler Amazon ass eng vun de gréissten Entreprisen op der Welt an hei am Grand-Duché. Ma Amazon wier och eng eege Welt an hätt och eng eege Visioun vun der Welt.

„Reegelen, déi een acceptéiert"

D'Visioun kéim vum Jeff Bezos, Grënner vun Amazon, deem seng Ambitioune vu kengem kéinten ageschat ginn. De räichste Mann op der Welt investéiert Milliarden an d'kënschtlech Intelligenz, a Serveren, Robotik, Dronen, mä wënscht sech och Weltraumkolonien, schreift de Benoît Berthelot a sengem Buch.

Nieft deene megalomanen Ambitiounen hätt de Jeff Bezos och seng eege Management-Methoden. Hie géing wéi e „Guru" seng 650.000 Employéeë kommandéieren. De Journalist beschreift ënnert anerem „automatiséiert Entloossungen", deen en Algorithmus opgrond vun Donnéeën iwwert d'Produktivitéit vun den Employéeën ausrechne géing.

D'Amazonier - ob se an de Lager schaffen, liwweren oder am Büro sinn - fir si gëlle 14 Leadership-Prinzippien, dorënner „d'Lat ëmmer méi héich setzen". De Benoît Berthelot verweist op ganz penibel Aarbechtskonditiounen an enormen Drock. Schwätzt ee mat Amazonier zu Lëtzebuerg, sou héiert een dat awer net einfach schwaarz a wäiss. De Journalist äntwert: „Dat Schwaarzt, dat beschreiwen d'Employéeën, déi selwer bei Amazon schaffen". Hie géing a sengem Buch awer effektiv och Temoignagen opféiere vu Leit, „déi fir sech dee Model ganz gutt fannen an, datt d'Reegele Reegele sinn, déi een acceptéiert, wann ee bei Amazon schaffe geet".

Ekologie a Business

Wéi ass et mat der ekologescher Kritik un Amazon? Den US-Konzern huet sech dach virgeholl, bis 2030 klimaneutral ze sinn. „Jo", mä dat wier haaptsächlech Kommunikatioun, sou den Auteur vu „Le monde selon Amazon". Amazon huet beispillsweis 100.000 elektresch Liwwerween bestallt, mä dat bei senger eegener Filial Rivian. „Si wäerten also dofir suergen, datt déi [ekologesch] Transitioun och e gudde Business fir si ass", seet de Benoît Berthelot mat engem Laachen.

Op d'Froen, ob de Modell Amazon net d'Resultat vun exzessivem Konsum ass oder d'Konsumenten net eigentlech Schold sinn, äntwert de Benoît Berthelot, datt Amazon dach zum Konsum verféiert: „Zum Iwwerkonsum géinge verschiddener soen, well se opgrond vun den Donnéeën esouvill vun hire Clientë wëssen, datt se zu engem Maximum geziilt Promotioune lancéieren."

De Benoît Berthelot kuckt a sengem Epilog vum Buch 10 Joer an d'Zukunft. De Jeff Bezos géing do eng Ausso vun 2018 widderhuelen: „Amazon kéint wéi all Firma ënnergoen. An zwar, wa se ufänkt, no sech ze kucken an net no de Clienten". Ma hie füügt dobäi, datt de Jeff Bezos den Ënnergang vu sengem Konzern esouwäit méi méiglech erauszögere wëll. Um Enn decidéieren awer eleng d'Clienten.