De 70 Joer ale Politiker muss sech wéinst Korruptioun viru Geriicht veräntwerten. Dat huet déi israelesch Justiz en Donneschdeg matgedeelt.

De Benjamin Netanjahu kämpft ëm dat politescht Iwwerliewen.

3 Joer laang gouf géint den israelesche Premier enquêtéiert, en Donneschdeg gouf e wéinst Korruptioun ugeklot. Him gëtt reprochéiert, Kaddoe vu räiche Geschäftsleit ugeholl ze hunn, Leit Gefale gemaach ze hunn, fir an der Press besser duergestallt ze ginn.

Den israelesche Premier streit alles of a seet, hie wär Affer vun enger Hexejuegd, déi vu senge lénke Géigner an de Medie gestéiert wär. Hie wëll och weider regéieren.

Dem Gesetz no muss en eréischt zrécktrieden, wann e rechtskräfteg verurteelt ass.

Israel ass den Ament an enger Regierungskris, kritt och no den zweete Parlamentswale bannent e puer Méint bis ewell keng Regierung beieneen. Den Ament gesäit et nees no Neiwalen aus.