Si hu sech géint d'Investissementer vun hiren Universitéiten a Fossil-Brennstofer a Puerte Rico agesat.

Kuerz éier déi zweet Hallschent sollt ugoen, d'Spiller ware schonn um Terrain, hunn e puer Honnert Demonstranten d'Feld gestiermt an de Match ënnerbrach. D'Leit wëlle sech fir e bessert Klima asetzen. Op Schëlder war ze liesen "Nobody wins. Yale & Havard are complicit in climate injustice"(Kee gewënnt. Yale an Havard si Komplizen an der Klima-Ongerechtegkeet)

Ronn eng hallef Stonn gouf de Match heiwéinst ënnerbrach. Wärend deem hu vill Demonstranten den Terrain fräiwëlleg verlooss. Eng 50, déi sech uneneegekett haten, goufe vun der Police verhaft. D'Studenten hat dëst selwer gefuerdert, esou d'Journaliste vun ESPN.

Havard war iwwregens zu deem Ament 15:3 vir. No zwou Verlängerunge hu si dunn awer 50:43 verluer.