Wéi e Spriecher vum Fluchhafen matdeelt, gouf eng Bomm aus dem 2. Weltkrich bei Bauaarbechte fonnt.

Zu Berlin-Schönefeld gouf de Fluchbetrib wéinst enger Bomm fir kuerz Zäit op Äis geluecht. Wéi et vum Fluchhafen an der Police Brandenburg heescht, géingen d'Fligeren awer nees fléien.