Wéi et vun de Geranten heescht, gouf den Datum fir déi offiziell Ouverture vum neie Fluchhafen an der däitscher Haaptstad festgeluecht.

8 Joer sinn zanter der geplangter Erëffnung vum BER hier. Nächst Joer, den 31. Oktober fir genee ze sinn, soll et dann esou wäit sinn: Nieft Berlin-Schönefeld an Tegel sollen 2020 och Fligeren op den neie Pisten vum Fluchhafe Berlin Brandenburg landen, sou den FBB op Twitter.

E Projet, deem seng Planifikatioun 1992 ugefaangen huet an ufanks 2 Milliarden Euro kaschte sollt. Dëse Budget gouf beim sougenannte "Panne-Fluchhafen" awer däitlech iwwerschratt. No 13 Joer Bauzäit läit de Käschtepunkt bei ronn 7,1 Milliarden Euro, sou Ntv.

Wat geschitt mat Tegel?

Wéi de Finanzsenator Matthias Kollatz matgedeelt huet, ass e parallelle Fluchbetrib fir Tegel an de BER net virgesinn. No den éischten 2 bis 3 Woche soll de kommerzielle Betrib op dem éischte vu béiden agestallt ginn.

Wisou gouf den Delai ëmmer nees verréckelt?

Et gi verschidde Grënn, wisou de Fluchhafe Berlin Brandenburg net wéi geplangt 2011 opgemaach huet. Dorënner d'Faillite vun enger Firma, déi de ganze Projet geplangt huet, Manktem beim Brandschutz, ze wéineg Kapazitéiten am Check-in-Beräich a Problemer bei der Belëftung. Och a puncto Personal goufen et ëmmer nees Changementer. De fréiere Gerant Rainer Schwarz gouf vum Hartmut Mehdorn ofgeléist, dee vum Karsten Mühlenfeld an deen 2017 vum Chef Engelbert Lütke Daldrup.