Kuerz virum Optakt vum Nato-Sommet sténken d'Lompe bei der nordatlantescher Allianz.

De franséische President Macron hat d'Nato "Gehierdoud" genannt an als eent vun de Beispiller déi ëmstridden Offensiv vum Nato-Member Tierkei géint kurdesch Milizen am Norde vu Syrien genannt.

Den tierkesche President Erdogan sot ewell, dass de Macron säin eegene Gehierdoud iwwerpréiwe soll loossen.